Invitatioun op d‘Informatiouns- an Dialogveranstaltung „Kommunal Wärmeplanung“

Léif Gemengen,

de Wirtschaftsministère an Zesummenaarbecht mat Klima-Agence an dem Hamburg-Institut invitéiert Iech häerzlech op eng Veranstaltung zum Thema kommunal Wärmeplanung.

Mir stellen déi aktuell Entwécklungen zu Lëtzebuerg vir an diskutéieren zesummen iwwert Är Erfarungen, d’Chancen an d’Erausfuerderungen bei der praktescher Ëmsetzung an de Gemengen. Ären Input soll beim Ausschaffe vun engem gesetzleche Kader an vun Ënnerstëtzungsmesure fir d’Gemenge berücksichtegt ginn. Den Hamburg-Institut begleet d’Veranstaltung fachlech mat senger bewäerter Expertis an der Wärmeplanung an Däitschland.

Dëst Evenement riicht sech un all déi interesséiert Gemengen a fënnt Moies, de 15. Januar 2026, an der Chambre des Métiers statt.

Oflaf vum Moien:

  • 08:15 – 08:45 : Accueil a Kaffi
  • 08:45 – 12:15 :
    • Presentatioune vum Wirtschaftsministère, dem Hamburg-Institut a Klima-Agence
    • Austausch mat de Gemengen
  • 12:15 – 13:00 : Lunch an Austausch 
     

Umeldung

Funktioun an der Gemeng/Entreprise
Ech huelen um Lunch (12 Auer) deel:

Är Erfarung mat der kommunaler Wärmeplanung

Fir d' Veranstaltung fir all Participanten esou nëtzlech wéi méiglech ze gestalten, biede mir Iech ëm eng kuerz Selbsteinschätzung vun Ären bisherige Kenntnisser am Beräich kommunal Wärmeplanung. (Dës Angab déngt ausschliisslech der Organisatioun an der Zesummestellung vum Workshop an ass keng Bewäertung.)

Wielt w.e.g. déi Ausso aus, déi am beschte passt:
Éischt Beréierungspunkte mam Thema, bis elo wéineg praktesch Erfarung
Grondverständnis ass do, eenzel Projeten, Konzepter oder Analysen si bekannt oder goufe begleet
Reegelméisseg Beschäftegung mat der kommunaler Wärmeplanung, praktesch Erfarung oder fachlech Verantwortung