Léif Gemengen,
de Wirtschaftsministère an Zesummenaarbecht mat Klima-Agence an dem Hamburg-Institut invitéiert Iech häerzlech op eng Veranstaltung zum Thema kommunal Wärmeplanung.
Mir stellen déi aktuell Entwécklungen zu Lëtzebuerg vir an diskutéieren zesummen iwwert Är Erfarungen, d’Chancen an d’Erausfuerderungen bei der praktescher Ëmsetzung an de Gemengen. Ären Input soll beim Ausschaffe vun engem gesetzleche Kader an vun Ënnerstëtzungsmesure fir d’Gemenge berücksichtegt ginn. Den Hamburg-Institut begleet d’Veranstaltung fachlech mat senger bewäerter Expertis an der Wärmeplanung an Däitschland.
Dëst Evenement riicht sech un all déi interesséiert Gemengen a fënnt Moies, de 15. Januar 2026, an der Chambre des Métiers statt.
Oflaf vum Moien:
- 08:15 – 08:45 : Accueil a Kaffi
- 08:45 – 12:15 :
- Presentatioune vum Wirtschaftsministère, dem Hamburg-Institut a Klima-Agence
- Austausch mat de Gemengen
- 12:15 – 13:00 : Lunch an Austausch