Klima-Agence invitéiert op hir Summerfeier
Donneschteg, den 3. Juli 2025
Léiwe Mataarbechter vu Klima-Agence
Du bass ganz häerzlech invitéiert un eiser Summerfeier den 3. Juli deelzehuelen.
Wéi gewinnt, fänke mir de Mëtteg mat enger Gruppenaktivitéit un, an zwar eng kleng Bustour bis op Colmar-Bierg wou mir eng Visitt vun der Superdreckskëscht maachen. Duerno geet et Richtung Karelshaff fir eng nei Wandmillen ze besichen😉
Owes, dierfe mir eis op en🍸 Apero 🍹 a Barbecue 🍡 beim Péitry zu Rued-Sir freeën. Däi Partner ass natierlech och dëst Joer wëllkomm, leider wäert et dëst Joer aus organisatoresche Grënn awer net méiglech si fir är Kanner mat ze bréngen – fir 2026 hu mir awer eng Formule virgesinn déi dat (nees) méiglech maache wäert.
So eis w.e.g. iwert dëse Formulaire bis den 20. Juni Bescheed ob s du (ggf. de Partner fir de Restaurant) deemno bei den Aktivitéite bzw. beim Owesiessen dobäi bass oder net. An och ob s du (ggf. de Partner) iergendeng Allergie hues.
Programm:
🚌 Visitten - 13:30 bis 17:30
- Départ Büro Klima-Agence - 13:30
- Visitt bei der SuperDrecksKëscht - 14:00 bis 15:30
- Visitt vun der Wandenergieanlag um Karelshaff - 16:00 bis 17:00
- Retour Büro Klima-Agence - 17:30
🍽️🥂Restaurant Péitry - Ab 18:30
- Apéro - 18:30
- Owesiessen, Buffet Grillade - 19:30
Bei Froen iwwert den Oflaf kanns du dech beim Cátia mellen. Fir Ännerungen bei denger Umeldung virum Delai, schéck e Mail u bugs@klima-agence.lu.